Freelance Eldo Animatioun

Eldoradio
Localité L-1543 Luxembourg
Type de poste Temps partiel Indépendant
Catégorie Communication / Marketing

Retour

Du schwätz gären, bass kreativ an net op de Mond gefall?Da gëff och du Animateur / Animatrice an erziel ganz Lëtzebuerg deng Geschichten!

Wat sinn deng Missiounen?

  • Deng eege Sendung matgestalten, Themen kreativ verschaffen a preparéieren, fir se duerno live ze moderéieren  
  • Am Studio an och um Terrain, wou grad eng lass ass, Sendung maachen
  • Interviewe maachen an op Concerte geschéckt gi wann et sech ubidd
  • D’Eldoland mat denger Personality an eegenem Storytelling entertainen  

Wat bréngs du mat?

  • Spontanitéit, Kreativitéit an Eegeninitiativ
  • Eng agreabel Stëmm
  • Storytelling, Personality an eng positiv Ausstralung
  • Groussen Interessi un aktueller Musek an Aktualitéit
  • Zouverlässegkeet, Professionalitéit a Pünktlechkeet
  • Ee gudden Ëmgang mat der Lëtzebuergescher Sprooch (am geschwatenen)

Wisou grad den Eldo?

  • Flexibel Aarbechtszäiten
  • Ofwiesslungsräich Aufgaben
  • Eng detailléiert Ausbildung
  • E permanent Encadrement
  • Eng jonk, dynamesch an decaléiert Ekipp

Du bass interesséiert?

Da fëll desen Formular aus mat dengem CV an enger Beschreiwung wisou, dass genee du déi richteg Persoun fir d’Animatioun bass.

Retour

43 bd Pierre Frieden
L-1543 Luxembourg
Contact
Human Resources

Retour

Postuler en ligne

Quelle est la somme de 4 et 6 ?

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler